Quizizz

Mat Quizizz kann ee ganz séier a bequem kleng Quizzer erstellen. Dobäi ginn d’Äntwerten als Multiple Choice duergestallt – et kënnen eng oder och méi Äntwerte richteg sinn. D’Schüler kréien e Code mat deem si sech an de Quiz aloggen. Dat Ganzt ass plattform-onofhängeg, d.h. ech ka Quizizz souwuel als App (z. Bsp. um Ipad) ewéi och iwwer Internetsäit (https://quizizz.com) benotzen. D’Resultater gi gespäichert sou dass een eng Iwwersiicht iwwert d’Entwécklung vun de Schüler huet an am Léierprozess ëmmer nees drop zeréckgräife kann. Bei Quizizz brauch ee kee Beamer.

Quizizz ass ideal fir d’Textverständnis an de Sproochen ze kontrolléieren – awer duerchaus och an der Mathematik, virun allem bei den Operatiounen, asetzbar.

Fir den Dateschutz ze garantéieren gëtt geroden, dass d’Schüler eng Nummer als Numm aginn. Obwuel d’Schüler keen Account hunn a mat engem Code an de Quiz zougelooss ginn, mussen si e Numm als Identifikatioun uginn. Hei kënne si eng Nummer uginn, déi si vun hirer Léierpersoun kritt hunn. Esou gëtt garantéiert, dass d’Resultater anonym sinn an dass just d’Léierpersoun d’Nummer dem richtege Schüler zou-uerdne kann.

https://quizizz.com