Quizlet

Quizlet erlaabt et dem Schüler an/oder dem Enseignant Kaarten ze erstelle mat Inhalter, déi e wëll léieren. Dat kënne Billerkaarten, fir de Wuertschatz ze erweidere sinn oder soss iergend en Inhalt, dee geléiert soll ginn. De Programm funktionéiert ähnlech wéi klassesch Karteikaarten. Op de Karteikaarte sti Wieder, Biller, Definitiounen. De Programm sicht souguer selwer och Definitiounen (multilingual) oder passend Biller fir e Wuert.

Duerno kennen d Schüler op verschidde Manéieren domadder üben an de Programm gëtt all Schüler e Feedback wéi eng Kaarten dass e scho gutt weess, a wéi eng hien nach muss üben. Den Enseignant kritt och eng Iwwersiicht iwwert Progressioun vun all Schüler oder iwwert ganz Klass. Um Enn vum Léierprozess kann de Schüler selwer decidéiere wéini hien den Test meet.

www.quizlet.com