KAHOOT ass eng Applikatioun déi et engem erlaabt interaktiv Léiermomenter an enger Klass zesumme mat Schüler duerchzeféieren. Mat KAHOOT kann ee QCM-Exercicer schafen, déi Schüler live léisen an direkt e Feedback op hir Äntwerte kréien. An dat Bescht: d’Resultater loossen sech eroflueden an et kanns een se als Léierpersoun fir seng Klassenzwecker benotzen.
Alles wat ee brauch: 1 Beamer, Tabletten mat der Applikatioun KAHOOT an eng “Subscription” um Site https://create.kahoot.it/register .