Educreations

‎Educreations Whiteboard
‎Educreations Whiteboard
Entwickler: Educreations, Inc
Preis: Kostenlos+
‎Educreations Whiteboard
‎Educreations Whiteboard
Entwickler: Educreations, Inc
Preis: Kostenlos+

Educreations ass en interaktiven Whiteboard-Tool deen einfach ze benotzen ass. Domadder kann een all méiglechen Inhalt weisen, erklären an animéieren. Enseignanten kënne kuerz Instruktiouns-Videoen maachen an se mat hire Schüler deelen – oder d’Schüler froen wat si wëssen an hire Komeroden hëllefen eppes Neits ze léieren.

Fäerdeg Lektioune ginn an engem Online-Account gespäichert sou dass si ëmmer zur Verfügung stinn, wann een se brauch. Den Enseignant entscheed, wee wat gesäit. Souguer wann et Problemer mam iPad ginn, all déi gespäichert Videoen si sécher.

Och ouni iPad kann een d’Lektiounen um Internetsite vun Educreations fannen.

Lektioune kënne via Link, Email, Facebook, Twitter oder andeems se an e Site agebonne ginn, gedeelt ginn. Och eng Pro-Versioun (géint Bezuelung) mat méi Méiglechkeeten ass verfügbar.