Op Socrative kann ee Quizzer fir seng Schüler erstellen. Iwwert den Teacher-Login muss een sech registréieren a scho kann ee säin eegene Quiz op d’Been stellen. Et kann een 3 Zorte Froe wielen, an dat souguer duercherneen an deemselweschten Exercice (choix multiple, richteg/falsch, kuerz Äntwert). Zousätzlech dozou kann ee seng eege Biller uploaden. Wann een e Quiz erstallt huet, muss en aktivéiert ginn.
D’Schüler ginn dann op de Site www.socrative.com a klicken op de Student-Login. Si ginn de Code vum Teacher an a wielen duerno e Numm ënnert deem si schaffen, am beschten hiren eegenen. Duerno kënne si dee Quiz maachen, dee grad vum Teacher fräigeschalt ass (an der Gratis-Versioun kann ëmmer nëmmen 1 Quiz aktivéiert ginn).
De Virdeel vu Socrative: de System späichert d’Äntwerte vun de Schüler an den Teacher kann dat live suivéieren. Esou huet hat/hien d’Méiglechkeet en direkte Retour iwwert dem Schüler seng Äntwerten ze kréien an entspriechend drop ze réagéieren.
Socrative gëtt et och als APP op Apple an Android.