Spiral

SPIRAL ass eng web-baséiert Solutioun fir interaktiven Unterrécht unzebidden. Am Gratis-Zougang kann ee just op hiren Tool “Quickfire Lite” zougräifen – en Tool deen et engem erlaabt “en direct” mat senge Schüler z’interagéieren.

D’Zäite wou een eng Aufgab un d’Tafel geschriwwen huet an duerch d’Reihe gelaf ass fir ze kucken wéi d’Schüler drop geäntwert hunn, sinn domadder definitiv eriwwer.

Mat SPIRAL kënnen d’Schüler direkt eng Äntwert op eng Fro opschreiwen a validéieren – den Teacher kritt se dann op sengem Screen ugewisen a kann se richteg markéieren oder dem Schüler d’Uweisung ginn hie soll nach eng Kéier seng Äntwert iwwerschaffen. Resultat: Mam Asaz vu Spiral schafft et och wierklech all Schüler, no enger Zäit, op eng Fro richteg z’äntweren.

An dat Bescht: SPIRAL ass direkt asetzbar – ouni, dass een doheem muss en Inhalt aginn.